Baséiert op enger richteger Geschicht. D’Arianne an d’Zahra, allenzwee 14 Joer al, sinn déi bescht Frënn vun der Welt. Mee d’Arianne leit un enger onheelbarer Krankheet, an d’Zahra soll mat senger Famill zeréck an Afghanistan deportéiert ginn. D’Arianne schreift doropshin ee Bréif un de Ministère a beweegt Himmel an Äerd fir dass d’Zahra a senger Plaz ka bléiwen. „Ech stierwen. Kann hatt da meng Plaz huelen? “.